Skip to content

D'Elteren an der Schoul

D‘Wal vun den nationalen Elterevertrieder

CLAUDE MEISCH

Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Léif Elteren,

Déi national Elterevertriedung ass e jonkt an dynamescht Organ. Se ass duerch d’Gesetz vum 1. August 2018 an d’Liewe geruff ginn a gouf déi éischt Kéier am Februar 2020, am Uschloss un déi lokal Wale vum Hierscht 2019, gewielt.

Vill vun Iech hu sech dunn als Kandidaten opgestallt a sech aktiv engagéiert, esouwuel um Niveau vun de Schoulen ewéi um nationalen Niveau. Dësen Engagement verdéngt meng Unerkennung an déngt haut als Beispill fir déi aner Elteren.

Am Laf vun dësen zweeanhallef Joer hunn ech d’Qualitéit vun den Echangë mat de Membere vun der nationaler Elterevertriedung an déi duerch si vermëttelt Point-de-vuë vun de Sujeten a Projeten, déi eis um Häerz leien, appreciéiert. Besonnesch wärend der sanitärer Kris vum Covid-19 war dës Concertatioun, déi an där Zäit méi dacks war, eng grouss Ënnerstëtzung.

Är Iddien, Är Erfarungen an Ären Enthusiasmus si wäertvoll. Egal ob Äert Kand d’Schoul eréischt ugefaangen huet oder scho méi wäit a sengem Parcours ass, Dir hutt als Elteren eng Expertis, déi et derwäert ass, gedeelt ze ginn. Ech invitéieren Iech, Är Kandidatur ze stellen an Iech den Instanzen unzeschléissen, an deenen iwwer d’Educatioun, déi mir fir eis Kanner wëllen, diskutéiert gëtt.

“Egal ob Äert Kand d’Schoul eréischt ugefaangen huet oder scho méi wäit a sengem Parcours ass, Dir hutt als Elteren eng Expertis, déi et derwäert ass, gedeelt ze ginn.”

Dëse Site adresséiert sech u jiddwereen, dee sech fir d‘Participatioun vun den Elteren an der Schoul interesséiert, a besonnesch un déi gewielten Elterevertrieder an un déijéineg, déi dat wëlle ginn.

Sech um lokale Plang engagéieren local

D’Roll vun den Elterevertrieder an der Grondschoul

D’Partnerschaft tëschent den Enseignanten an den Elteren ass am Artikel 47 vum Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vun der Grondschoul verankert. Hei gëtt präziséiert, datt den Titulaire vun der Klass an d’pedagogesch Equipe déi éischt Partner vun den Eltere sinn. D’Elteren an d’Enseignanten tausche sech regelméisseg individuell aus an et ginn Informatiounsversammlungen a Gespréicher organiséiert.

Den Schoulpresident luet all d’Elteren an, hier Kandidatur ofzegin fir Elterevertrieder ze ginn. Dës Aluedung misst am Laaf vum Oktober 2022 ausgedeelt ginn.

D’juristesch Basis fir d’Elterevertriedung fënnt een an den Artikelen 48 ff. vun deem uewe genannte Gesetz erëm.

Dauer vum Mandat: dräi Joer. D’Mandat vun den aktuelle Vertrieder leeft dëst Joer aus. Am Oktober 2022 fannen déi nei Wale statt.

Missioune vun den Elterevertrieder: Op Convocatioun vum President vum Schoulcomité an all Kéier, wa si selwer dat ufroen, versammele sech d’Elterevertrieder mam Schoulcomité fir

  • iwwer d’Propos fir d’Schoulorganisatioun an d’Propos fir de Plan de développement scolaire (PDS), déi de Schoulcomité ausgeschafft huet, ze diskutéieren an dës, wann néideg, ze änneren an ze ergänzen;
  • Versammlungen a gemeinsam Veranstaltunge vun de Schoulpartner ze organiséieren;
  • Proposen zu alle Froen am Zesummenhang mat der Organisatioun vum Liewen an der Schoul zesumme mat de Schüler ze formuléieren.

Zuel vu Versammlungen: Et ginn op d’mannst dräi Versammlunge pro Schouljoer organiséiert.

  • Um kommunalen Niveau ass d’Partnerschaft tëschent de Schoulinstanzen, dem Schoulpersonal an den Elteren iwwer d’Schoulkommissioun vun der Gemeng, e berodend Organ vum Gemengerot, organiséiert. Laut dem Artikel 50 huet d’Schoulkommissioun folgend Aufgaben:
  • dem Gemengerot hiren Avis iwwer d’Organisatioun an de Plan de développement scolaire (PDS) ginn a Proposen an deem Beräich ënnerbreeden;
  • d‘Ëmsetzung vun der Organisatioun an dem Plan de développement scolaire (PDS) suivéieren;
  • schoulergänzend Betreiungsmoossname fërderen an an deem Kader d’Informatioun, den Austausch an d’Concertatioun tëschent Elteren, dem Personal an de Schoulen an de Servicer an Organismen, déi d’Kanner baussent den normale Schoulzäite betreien, favoriséieren;
  • en Avis iwwer d‘Rapporte vum SCRIPT ofginn an de Schäfferot iwwer alles informéieren, wat hirer Meenung no wichteg ass oder den Interête vum Grondschoulunterrecht schuede kéint;
  • en Avis iwwer d’Propose fir de Schoulbudget ofginn;
  • sech beim Plangen, beim Bau oder Ëmbau vun de Schoulgebaier abréngen.

D’Roll vun den Elteren am Secondaire

All Lycée verfüügt iwwer en Elterecomité, deen all Joers am Hierscht gewielt gëtt. De Comité sortant berifft virum 1. November vum lafende Schouljoer d’Generalversammlung vun den Eltere vun deene Schüler, déi am Lycée ageschriwwe sinn, an. Wann Dier wëllt Elterevertrieder ginn, dann musst Dier är Kandidatur dem Elterecomité virus der Versammlung präsentieren. D’Versammlung bestëmmt d’Zesummesetzung an d’Modalitéite fir d’Wal vum Elterecomité. De Comité delegéiert Vertrieder vun den Elteren an de Conseil d’éducation.

Laut dem Artikel 35 vum geännerte Gesetz iwwer d’Organisatioun vun de Lycéeën huet den Elterecomité folgend Zoustännegkeeten:

  • d’Eltere vun de Schüler bei der Direktioun a bei de jeeweilege Comitéen, déi vun der Conférence du lycée respektiv vun de Schüler gebilt ginn, vertrieden;
  • d’Eltere vun de Schüler iwwer all Froen am Zesummenhang mam Unterrecht am Lycée informéieren;
  • d’Stellungname vu senge Vertrieder beim Conseil d’éducation virbereeden;
  • kulturell a sozial Aktivitéiten organiséieren a Proposen zu der Organisatioun vum Unterrecht an de Schüler hirer Aarbecht am Etablissement ënnerbreeden.

Den Direkter trëtt all Kéier, wann de Comité dat freet, mam Elterecomité zesummen.

All Lycée verfüügt iwwer e Conseil de discipline, an deem ee Vertrieder vun den Eltere sëtzt. Dem Conseil de discipline seng Aufgab ass et, iwwer Infraktiounen ze befannen, déi e Schoulverweis vum Schüler bewierke kënnen. Nieft dem Vertrieder vun den Eltere setzt sech dëse Comité aus zwee Membere vun der Direktioun an dräi Enseignantë souwéi engem Member vum Service psycho-social et d’accompagnement scolaire zesummen.

De Vertrieder vun den Elteren am Conseil de discipline gëtt all Joer vun der Generalversammlung vun den Eltere genannt.

All Lycée verfüügt iwwer e Conseil d’éducation, dee sech aus néng Memberen zesummesetzt: den Direkter vum Etablissement, véier Delegéierter vum Proffecomité, zwee Delegéierter vum Schülercomité an zwee Delegéierter vum Elterecomité.

D’Eltere vu Schüler, déi e Kompetenzzentrum besichen, sinn an de Comitéë fir Eltere vu Kanner oder Jonke mat spezifeschem Fërderbedarf, déi an all Zentrum ageriicht sinn, vertrueden. Dier gitt am Laaf vun den Méint Oktober bis November 2022 opgeruff, är Kandidatur fir den Elterecomité anzereechen

D’Zoustännegkeete vun dëse Comitéë sinn am Artikel 39 vum Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d’Schafung vu spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren am Hibléck op déi schoulesch Inklusioun festgeluecht:

  • d’Eltere vu Kanner oder Jonke mat spezifeschem Fërderbedarf, déi vum Zentrum betreit ginn, bei der Direktioun vertrieden;
  • dem Direkter Proposen zu alle Froen am Zesummenhang mat der Partnerschaft am Zentrum ënnerbreeden;
  • sech un der Organisatioun vu kulturellen a sozialen Aktivitéite bedeelegen.

D’Membere vum Elterecomité gi vun an ënnert den Eltere vu Kanner oder Jonke mat spezifeschem Fërderbedarf, déi vum Zentrum betreit ginn, gewielt.




D’national Elterevertriedung

D’national Elterevertriedung ass am Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d’Schafung vun enger nationaler Elterevertriedung verankert.

Si setzt sech aus 12 Memberen zesummen, vun deenen der 6 d’Eltere vu Lycéesschüler, 4 d’Eltere vu Schüler aus der Grondschoul an 2 d’Eltere vu Schüler, déi e Kompetenzzentrum besichen, vertrieden.

D’Zil vun der nationaler Elterevertriedung ass et, d’Kultur vun der Zesummenaarbecht vu Schoul a Schülerelteren ze stäerken, dëst duerch d’Schafung vun enger demokratesch gewielter Vertriedung, déi als Porte-parole vun de Schülereltere fungéiert an eng berodend Funktioun vis-à-vis vum Educatiounsminister huet.

Si kann Avisen zu Gesetzesprojeten a -proposen oder zu pedagogesche Projeten ofginn, Propose maachen, wat d’schoulescht Liewen an den Unterrecht ugeet oder sech allgemeng zu all Thema äusseren, dat fir Elteren a Schüler vun Interessi ass.

Si delegéiert doriwwer eraus 2 Vertrieder an d’national Schoulkommissioun vum Grondschoulunterrecht, 4 Vertrieder an de Conseil supérieur de l’Education nationale an 1 Vertrieder an de Forum Orientatioun.

  • D’Mandat vun den nationale Vertrieder dauert 3 Joer.
  • D’Membere vun der nationaler Vertriedung hunn Usproch op 8 Deeg Congé.
  • Fir als Vertrieder vun enger sektorieller Vertriedung eligibel ze sinn, muss de Kandidat Elterendeel vun engem oder e puer Schüler sinn, déi zu deem Zäitpunkt an deem entspriechende Secteur scolariséiert sinn. E muss och Elterevertrieder an der Schoul, dem Lycée oder dem Kompetenzzentrum sinn, déi/dee säi Kand besicht.
  • Wann en Elterevertrieder kee Kand méi huet, dat am Secteur, deen hie vertrëtt, an d’Schoul geet, leeft säi Mandat um Enn vum lafende Schouljoer of.
  • De Remplacement vun de sektorielle Vertrieder a vun den nationale Vertrieder erfollegt op der Basis vum Placement vun de Kandidate bei deene leschte Wale vun de Vertrieder.
  • D’Eltere vun deemselwechte Kand kënne weder gläichzäiteg Member vun därselwechter sektorieller Vertriedung nach vun der nationaler Vertriedung sinn. En Elterendeel kann net Member vu méi ewéi enger sektorieller Vertriedung sinn.

D’Wale fannen an zwou Etappe statt:

  1.      Um sektoriellen Niveau
  • Fir d’Vertrieder vun den Eltere vu Grondschoulschüler:

D’Wale gi regional duerchgefouert. D’Direktere vun deene fofzéng Regioune ruffen d’Elterevertrieder, déi an de Grondschoule vun hirer Regioun gewielt goufen, zesummen.

All Regionalversammlung wielt zwee sektoriell Vertrieder. D’Privatschoulen an déi (privat oder ëffentlech) international oder europäesch Schoulen wielen och e sektorielle Vertrieder.

  • Fir d’Vertrieder vun den Eltere vu Schüler aus dem Enseignement secondaire:

D’Wale ginn an all Lycée duerchgefouert. Den Elterecomité vun all Lycée wielt zwee sektoriell Vertrieder ënnert senge Memberen. All privat an (ëffentlech a privat) internationaalt oder europäescht Etablissement wielt e sektorielle Vertrieder.

  • Fir d’Eltere vu Schüler mat spezifesche Besoinen:

All Schüler, dee vun engem Kompetenzzentrum betreit gëtt, bleift a senger regulärer Schoul (Grondschoul oder Lycée) ageschriwwen.

D’Eltere vun dëse Kanner kënnen deemno entweder an der Schoul, an där hiert d’Kand ageschriwwen ass, oder am Kompetenzzentrum, deen hiert Kand besicht, fir e Mandat als sektorielle Vertrieder kandidéieren.

Am Prinzip ginn an all Kompetenzzentrum zwee sektoriell Vertrieder gewielt.

2. Um nationalen Niveau

De Minister berifft déi sektoriell Vertriedungen an, déi hirersäits hir jeeweileg Vertrieder bestëmmen.

Grondschoul

Déi lokal Walen (Wale vun den Elterevertrieder an all Schoul) fannen am Oktober 2022 statt.

Déi sektoriell Walen (all Direktioun vum Enseignement fondamental léisst ënnert allen Elterevertrieder aus de Schoulen an der Regioun zwee Vertrieder wielen) ginn am Januar 2023 ofgehalen.

All Privatschoul ernennt ee sektorielle Vertrieder an deelt dem Ministère den Numm vun dësem Vertrieder virum Enn vum Joer 2022 mat (elteren@men.lu).

Déi national Walen (d’sektoriell Vertrieder wielen déi 4 national Vertrieder fir de Fondamental) fannen am Februar 2023 statt.

Secondaire

All Lycée wielt virum 1. November säin Elterecomité. All Elterecomité léisst 2 sektoriell Vertrieder wielen. All Privatlycée léisst e sektorielle Vertrieder wielen. D’Comitéen deelen dem Ministère d’Nimm vun de gewielte Vertrieder virum Enn vum Joer 2022 mat (elteren@men.lu).

Am Februar 2023 ginn all déi sektoriell Vertrieder opgeruff, hir 6 national Vertrieder fir den Enseignement secondaire ze wielen.

Kompetenzzentren

All Kompetenzzentrum léisst virum Enn vum Joer 2022 zwee sektoriell Vertrieder  wielen an deelt dem Ministère virum Enn vum Joer 2022 d’Nimm vun de gewielte Vertrieder mat (elteren@men.lu).

Am Februar 2023 ginn all déi sektoriell Vertrieder opgeruff, hir 2 national Vertrieder fir d’Kompetenzzentren ze wielen.

Um Niveau vum Enseignement fondamental ass d’Partnerschaft tëschent de Schoulinstanzen, dem Schoulpersonal an den Elteren iwwer d’national Schoulkommissioun organiséiert.

Laut dem Artikel 53 vum Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vun der Grondschoul proposéiert d’national Schoulkommissioun dem Minister Reformen, Fuerschungsthemen, Offeren an der Weiderbildung a Verbesserungen, déi si fir néideg oder ubruecht hält.

Am Interêt vun enger permanenter schoulescher Weiderentwécklung informéiert si hien iwwer innovativ pedagogesch Praktiken. Si gëtt hiren Avis zu alle Froen of, déi hir vum Minister ënnerbreet ginn. Si gëtt besonnesch bei grondsätzleche Froen oder Froe vun allgemengem Interêt am Zesummenhang mam Enseignement fondamental consultéiert.

Si gëtt en Avis zu deem neien didaktesche Material, dat an der Klass benotzt gi soll, of. Si stellt besonnesch d’Conformitéit vun deem Material mat de Bestëmmunge vum Léierplang vum Enseignement fondamental fest.

D’national Schoulkommissioun setzt sech zesummen aus:

  • véier Memberen, déi vum Minister ze ernenne sinn;
  • engem Member, dee vum Minister, dee fir d’Famill zoustänneg ass, ze ernennen ass;
  • engem Member vum Personal vum Enseignement secondaire, dee vum Minister ze ernennen ass;
  • dem Präsident vum Collège des Directeurs vum Enseignement fondamental;
  • engem Regionaldirekter vum Enseignement fondamental, dee vun an ënnert deenen aneren Regionaldirekteren ze wielen ass;
  • véier Enseignanten aus dem Enseignement fondamental, déi vun an ënnert deenen aneren Enseignanten ze wiele sinn;
  • engem Gemengevertrieder, dee vum Minister op Virschlag vum Lëtzebuerger Syndikat vun de Stied a Gemengen (Syvicol) ze ernennen ass;
  • zwee Elterevertrieder, déi vum Minister op Virschlag vun der nationaler Elterevertriedung gewielt ginn

Le Conseil supérieur de l’Éducation nationale (CSEN), organe consultatif, se prononce soit à la demande du ministre, soit de sa propre initiative, sur toutes les questions ayant trait à l’éducation nationale et plus particulièrement les grandes orientations du système éducatif. Il comprend 36 membres représentant les parents, élèves et étudiants ; le personnel enseignant ; les autorités en rapport avec l’école (collège des directeurs de l’enseignement fondamental, collèges des directeurs de l’enseignement secondaire, communes, cultes reconnus, etc.) ; le monde économique, social, associatif et culturel.

La représentation nationale des parents d’élèves désigne les 4 représentants des parents d’élèves au conseil supérieur de l’éducation.

Sech um nationalen Plang engagéieren national

Informations

Wie kann Elterevertrieder ginn?

All Persoun, där hiert Kand den (ëffentlechen oder privaten) Enseignement fondamental, secondaire oder e Kompetenzzentrum oder eng staatlech Klass zu Lëtzebuerg besicht, kann op lokalem, sektoriellem oder nationalem Plang Elterevertrieder ginn.

Kënnen d’Elteren alle béid Vertrieder sinn?

Jo an Nee. Den Alinea 4 vun Artikel 8 gesäit Folgendes vir: „D’Eltere vun deemselwechte Kand kënne weder gläichzäiteg Member vun därselwechter sektorieller Vertriedung nach vun der nationaler Vertriedung sinn. En Elterendeel kann net Member vu méi ewéi enger sektorieller Vertriedung sinn.”

E ass dogéint awer net ausgeschloss, datt d’Eltere vun deemselwechte Kand alle béid Vertrieder op lokalem Plang sinn. Wann eng Koppel zwee Kanner huet, kann och zum Beispill een Elterendeel Vertrieder um sektorielle Plang fir de Fondamental an deen anere fir de Secondaire sinn.

Mäi Kand gëtt vun engem Kompetenzzentrum betreit. Wou kann ech kandidéieren, fir Vertrieder ze ginn?

Wann Äert Kand vun engem Kompetenzzentrum betreit gëtt, kann et weiderhin an enger Grondschoul ageschriwwe bleiwen. An deem Fall hutt Dir de Choix, Vertrieder an der Grondschoul, an där Äert Kand ageschriwwen ass, oder am Kompetenzzentrum, deen Äert Kand – a sief et och nëmme punktuell – betreit, ze ginn.

Wat geschitt, wann et enger Direktioun vum Enseignement fondamental, engem Lycée oder engem Kompetenzzentrum net geléngt, seng sektoriell Vertrieder ze bestëmmen?

D’Gesetz gesäit keng „forcéiert Kandidatur” vir. Wann et enger regionaler Direktioun, engem Lycée oder engem Kompetenzzentrum aus Mangel u Kandidaten net méiglech ass, hir zwee sektoriell Vertrieder ze ernennen, déi duerno eventuell national Vertrieder kéinte ginn, ginn déi lokal Vertrieder manner gutt iwwer d’Aktivitéite vun der nationaler Vertriedung informéiert.

Wéi kënnen d’Vertrieder ënnertenee kommunikéieren?

Soubal d’national Walen ofgeschloss sinn, riicht de MEN eng elektronesch Kommunikatiounsplattform an, iwwer déi déi lokal, sektoriell oder national Vertrieder sech einfach austauschen an interessant Informatioune matdeele kënnen. Déi national Vertrieder kënnen och Ëmfroen duerchféieren, fir d’Meenung vun deenen anere lokalen a sektorielle Vertrieder gewuer ze ginn.

Firwat ginn et nëmme 4 national Vertrieder fir den Enseignement fondamental a 6 fir den Enseignement secondaire?

Duerch d’Komplexitéit vum Enseignement secondaire (Zuel vu Sektiounen a Weeër, déi kënnen ageschloe ginn, dorënner d’Beruffsausbildung, asw.) kann et hei méi schwiereg sinn, Stellungnamen ze formuléieren. Eng méi héich Zuel u Vertrieder erlaabt et, dëser Komplexitéit Rechnung ze droen an d’Aarbecht besser opzedeelen.

D’Gesetz gëllt och fir privat Etablissementer: Firwat gouf dëse Choix getraff?

Eng Rei vu politeschen Decisiounen hunn och en Impakt op d’Eltere vu Schüler aus privaten Etablissementer an aus deem Grond muss och hir Stëmm gehéiert ginn. Elteren, deenen hir Kanner Privatschoule besichen, hunn ënner Ëmstänn eng aner Approche zu verschiddenen Themen aus dem Educatiounsberäich an hir Meenung ass sécherlech eng Beräicherung.

Wat ass d’Roll vun den Elterevereenegungen?

Et gëtt eng grouss Zuel un Elterevereenegungen an de Lycéeën an an de Grondschoulen. Oft sinn dës Associatiounen dofir zoustänneg, fir sozial a kulturell Manifestatiounen ze organiséieren. Eenzel Membere vun de Vereenegunge kënnen och als Elterevertrieder an der Schoul, am Lycée oder am Kompetenzzentrum gewielt ginn. En Elterevertrieder muss dogéint net Member vun der Vereenegung sinn, fir Vertrieder um lokalen, sektoriellen oder nationale Plang ze ginn.